settings icon
share icon
Fro

Wat ass een Chrëscht?

Äntwert


D´Definitioun vun engem Chrëscht ass „eng Persoun déi an Jesus als de Chrëscht gleeft oder an d´Léier vu Jesus.“ Och wann dest e gudde Start ass, wéi déi meescht Definitiounen, ass et e bësschen kuerz fir eng richteg Definitioun ze ginn wat Chrëschtentum wierklech ass. D´Wuert „Chrëscht“ gëtt am néien Testament dräi mol benotzt (Akten 11:26; 26:28; 1 Pierre 4:16). Gleeweger vu Jesus Christi sinn déi éischt Kéier am Antioch (Akten 11:26) als „Chrëschten“ bezeechent ginn, well hiert Verhalen an Aktiounen ähnlech wéi déi vu Jesus waren. Dat Wuert „Chrëscht“ heescht also dass een zu „Chrëschtentum gehéiert“ oder een „Gleewegen ass“.

Leider huet iwwer d´Zäit d´Wuert „Chrëscht“ u Bedeitung verluer an ass oft benotzt ginn fir een Spirituellen ze bezeechnen mä net méi fir een deen dem Chrëschtentum ugehéiert. Vill Leit bezeechnen sech als Chrëschten well se regelméisseg an d´Kierch ginn oder an engem Land liewen wou de Chrëschtentum d´Haaptrelioun ass. Mä an d´Kierch ze goen oder eng gutt Aktioun ze vollbréngen mëscht een nach laang net zu engem Chrëscht. Member vun enger Kierch ze sinn mëscht se net zu Chrëschten.

D´Bibel léiert eis dass eis gudd Aktiounen eis net akzeptabel fir Gott man. Titus 3:5 seet: „Hien huet eis gerett, net well et dat richtegt war mä well Hien eis gär huet. Hien huet eis gerett mat Hëllef vun der Widdergebuert vum Hellegen Geescht.“ Also ass ee Chrëscht een deen vu Gott erëm gebuer ginn ass (Johann 3:3; Johann 3:7; 1 Pierre 1:23) an hire Glawen a Jesus Christi stiechen. Ephesianer 2:8 seet eis dass et wéinst „...der Gnode vu Gott ass dass mir gerett gi sinn et ass een Geschenk vu Gott.“

Een wierklechen Chrëscht ass eng Persoun déi hiren Glawen an hiert Vertrauen an Jesus an a seng Arabescht stécht, sou wie dass säin Doud um Kräiz eis Sënnen bezuelt huet. Johann 1:12 seet eis: „Déi déi un Hien gleewen hunn d´Recht Gottes Kanner ze sinn.“ Den Wee vu Chrëschten ass anere gär ze hunn an Gottes Wuert ze follegen (1 Johann 2:4;10). En wierklechen Chrëscht ass wierklech een Kand Gottes, een Deel vu Gottes Famill an een deen neit Liewen duerch Jesus Christi kritt huet.

Hues du Christi ugeholl duerch ee vun eisen Artikelen? Wann jo klick w.e.g op de Knäppche „Ech hu Christi haut akzeptéiert“.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Wat ass een Chrëscht?
© Copyright Got Questions Ministries