settings icon
share icon
Fro

Ween ass Jesus Christi?

Äntwert


Net wéi bei der Fro op Gott existéiert, freet sech bal keen op Jesus Christi gelieft huet. Et ass iwwerall unerkannt, dass Jesus wierklech virun 2000 Joer an Israel gelieft huet. Mä Debatt fänkt un wann iwwer dem Jesus seng wierklech Identitéit diskutéiert gëtt. Bal all Reliounsjoffer léiert dass Jesus e Prophet war oder e gudde Proff oder e gëttleche Mann. De Problem ass, dass d´Bibel eis seet dass Jesus vill méi war.

De C.S. Lewis seet a sengem Buch „Pure Chrëschtentum“ dat folgend: „Ech probéieren heimat ze verhënneren dass d´Leit dat dommt wat sou oft iwwer Hien (Jesus Christi) gesot gouf widderhuelen. an zwar ´Ech sinn bereet Jesus als ee grousse moralesche Proff ze akzeptéieren, mä ech akzeptéieren net dass Hien sech fir Gott ausgëtt´ Genau dest däerf een absolut net behaapten. Wann de Jesus nëmmen een normale Mann gewiescht wier an dat behaapt hätt ouni dass et wouer wier da wier Hien kee grousse moralesche Proff. Hien wier entweder ee Ligener oder den Däiwel héchst perséinlech. Du muss eng Decisioun treffen. Entweder dee Mann war an ass de Jong vu Gott oder ee Verréckten oder nach schlëmmer. Du kanns soen Hien wier een Idiot, op Hien späizen an Hien als Dämon embrengen; oder du fäls Him zu Féiss an nenns Hien Här oder Gott. Mä loosst eis lo net iwwer dës onnëtz Fro streiden op oder op Hien kee gudde Proff war. Hien huet eis dës Optioun net opgelooss.“

Also firwat huet Jesus gesot en wier Gott? Wat seet d´Bibel ween Hien ass? Loosst eis fir d´Éischt op dem Jesus seng Wierder am Johann 10:30 kucken: „ Ech an de Papp sinn een.“ Op den éischte Bléck geséit et net aus wie wann dat eng Behaaptung wier dass Jesus Gott wier. Mä kuckt iech d´Reaktioun vun de Judden op dës Ausso un : „ Mir stengegen dech fir Blasphemie, wells du , een normale Mann, virgëtt Gott ze sinn“ (Johann 10:33). D´Judden hunn seng Ausso sou verstan dass Jesus sech fir Gott ausgëtt. An den nächste Verse widdersprécht Jesus de Judden ni an deems en seet „Ech hunn ni virgi Gott ze sinn.“ Dat weist dass Jesus wierklech gesot huet dass Hien Gott ass an deems en sot „Ech an de Papp sinn een“ (Johann 10:30). Johann 8:58 ass een anert Beispill: „Ech soen d´Wourecht ´huet en geäntwert `befiert den Adam war, war ech!“ An erëm hunn d´Judde Steng opgeraf fir Jesus ze stengegen (Johann 8:59). D´Art a Weis wéi Jesus seet „Ech sinn“ ass eng direkt Uwendung vun der Art a Weis wie Gott et mëscht am alen Testament (Exodus 3:14). Wisou hätten d´Judden d´Steng géint Hien erhiewe solle wann se net gewosst hätten dass et blasphemesch wier dass ee Mann virgëtt Gott ze sinn?

Johann 1:1 seet „D´Wuert war Gott.“ Johann 1:14 seet „D´Wuert ass Fleesch ginn.“ Dat beweist kloer dass Jesus Gott a Fleesch a Blutt ass. Den Thomas seet zu Jesus: „Mäin Här a Gott“ (Johann 20:28). Jesus verbessert hien net. Den Apostel Pol beschreift Hien als:“...eise grousse Gott a Retter, Jesus Christi“(Titus 2:13). Den Apostel Pierre seet dat selwecht :“...eise grousse Gott a Retter, Jesus Christi“ (2 Pierre 1:1). Gott selwer ass Zéie fir dem Jesus seng voll Identitéit: „ Mä iwwer de Jong seet Hien´Däin Troun, oh Gott, wärt fir ëmmer halen an d´Wourecht wärt den Zepter fir däi Räich sinn.`“ Dat aalt Testament seet eis :“ Eis gëtt ee Jong ginn an d´Regierung ass op senge Schëlleren. An Hien wärt gudde Minister genannt ginn, éiwege Papp a Prënz vum Fridden“ (Isaiah 9:6).

Also wéi de C.S. Lewis argumentéiert, u Jesus ze gleewen als deen eenzege gudde Proff ass keng Optioun. Jesus huet kloer virgi Gott ze sinn. Wann Hien net Gott ass ass Hien ee Ligener, an dofir kee Prophet, gudde Proff oder gëttleche Mënsch. Wien sinn mir dass mir doriwwer streide kennen doriwwer wat oder wat Jesus net gesot huet? Wéi kann d´Léier vu Gott haut méi richteg sinn wéi déi Léier vu virun 2000 Joer, vun deenen déi zu der Zäit vu Jesus gelieft hunn a perséinlech geléiert gi sinn. (Johann 14:26)?

Wisou ass d´Fro nom Jesus senger Identitéit sou wichteg? Wisou ass et wichteg op oder op Jesus net Gott ass? De wichtegste Grond fir dass Jesus Gott ass dass wann et net sou wier, wier déi Strof déi Hien op sech geholl huet net genuch gewiescht fir eis Sënnen ze bezuelen (1 Johann 2:2). Nëmme Gott kann eng sou onendlech Strof bezuelen (Romain 5:8; 2 Korinthians 5:21). Jesus muss Gott gewiescht sinn fir déi onendlech Strof ze bezuelen. Jesus huet missen e Mënsch sinn fir dass Hien stierwe konnt. Erliichtung ass nëmme méiglech duerch de Glawen u Jesus Christi. Dem Jesus säi Wiesen ass deen eenzege Wee fir d´Erliichtung. Dofir sot Hien och „Ech sinn de Wee an d´Wourecht an d´Liewen. Keen kennt bei de Papp ausser duerch mech“ (Johann 14:6).

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Ween ass Jesus Christi?
© Copyright Got Questions Ministries